Gabriel
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Virnumm Gabriel. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Gabriel (Homonymie). |
| Gabriel | |
|---|---|
| Geschlecht | männleche Virnumm |
| Namensdag | 29. September |
| Ursprong | |
| Sprooch | Hebräesch |
| Genannt no | Äerzengel Gabriel |
| Varianten | |
| Spëtznumm | Gab, Gabb, Gabbes |
| Anert Geschlecht | Gabriel(l)e, Gabriel(l)a |
| Änleche Familljennumm | Gabriel |
|
| |
Gabriel ass e männleche Virnumm an och e Familljennumm.
Ursprong a Bedeitung vum Numm
[änneren | Quelltext änneren]Gabriel (hebräesch: גַּבְרִיאֵל / Gavri'EL „Gott ass meng Stäerkt“ oder och „de Männlechen / de Staarken duerch Gott“) setzt sech aus den hebräesche Wierder Gavri (גברי) an EL ( אל) zesummen. Dat éischt bedeit esouvill wéi „Männlechkeet“ oder „männlech Stäerkt“ an dat zweet ass de Singular vum hebräeschen ELOHIM.
Namensdag
[änneren | Quelltext änneren]De Gabriel huet säin Namensdag den 29. September, als Referenz un de Äerzengel Gabriel.
Varianten an Ofkierzungen
[änneren | Quelltext änneren]Varianten am Lëtzebuergesche sinn: Gab, Gabb, Gabbes[1].
An anere Sprooche gëtt et eng sëllege Varianten, sou wéi och an hiren Diminutiv- oder Affektivformen, sou z B.: Gawril, Gavriel, Gavriil, Gavril, Gavrilo, Gavrile, Gavro, Gavrilă (an osteuropäeschen, orthodoxe Länner), Gábor (an Ungarn), Djibril resp. Cebrail (an arabesche Länner resp. der Tierkei), Gabriele (an Italien).
D'weiblech Forme sinn: Gabrielle, Gabriele, Gabriella, mat de Kuerzforme Gabi, Gaby.
Leit mam Numm Gabriel
[änneren | Quelltext änneren]Gabriel als Virnumm
[änneren | Quelltext änneren]- Gabriel Aghion, franséische Filmregisseur
- Gabriel Boisanté, lëtzebuergesche Schauspiller a Politiker
- Gabriel Boric, chileenesche Politiker
- Gabriel Daubrée, franséische Geolog
- Gabriel "Gab" Delleré, lëtzebuergesche Politiker
- Gabriel Fauré, franséische Komponist
- Gabriel Gabrio, franséische Schauspiller
- Gabriel García Márquez, kolumbianesche Journalist
- Gabriel Lippmann, franséische Physiker an Erfinder
- Gabriel de Marie, lëtzebuergeschen Händler a Politiker
- Gabriel Mayer, lëtzebuergesch franséischen Entreprener
- Gabriel Vasconcelos Ferreira, brasilianesche Foussballspiller
- Gabriel "Gab" Weis, lëtzebuergeschen Zeechner
Gabriel als Familljennumm
[änneren | Quelltext änneren]- Peter Gabriel, brittesche Museker
- Gunter Gabriel, däitsche Sänger, Museker, Museksproduzent, Synchronspriecher an Tëleesmoderator
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Virnumm Gabriel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| Commons: Familljennumm Gabriel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch - Virnimm. www.actioun-letzebuergesch.lu. Gekuckt den 18.10.2023.
